logo de Verbae
Editorial
Kommunikatiounsagence

Mat Vertrauen
an Offenheet schaffen,
d'Natierlechkeet geet eis am beschten

portraits de Jeannine Maréchal & Yann Brand trait l'équipe

Als Matgrënnerin a geschäftsféierend Directrice, ass hatt d'Uspriechpartnerin fir d'Berodung an operationell Froen an der Agence.

D'Jeannine huet als Verantwortlech vun der Redaktioun eng zolitt Erfahrung an enger grousser paräiser Agence gesammelt, wou hatt d'periodesch national Publikatioune vu wichtege Clientë geréiert huet (La Poste, CIC, Gaz de France, LCL, Marionnaud...). Haut setzt hatt all seng Rigueur an den Déngscht vun der Agence.

Als Matgrënner a geschäftsféierenden Direkter këmmert hie sech ëm d'Froen déi mat informatiounsinhalter ze dinn hunn.

De Yann ass Journalist säit méi wéi 13 Joer. Hien huet fir national Zäitschrëften, Publikatioune vu Firmen a fir d'institutionell Press an engem Ministère geschafft. Während senger 3-järeger Collaboratioun um Portal www.defense.gouv.fr huet hie sech mat der online Press a mat multimedia Produktioune wéi web-TV familiariséiert.

Ob intern Salariéen oder Fräiberuffler, mir schaffe mat engem Réseau vu Profien déi an alle Beruffer vun der Press, der Editioun an der Kommunikatioun spezialiséiert sinn. Si ënnerstëtzen eis an der Lorraine an zu Paräis. Ob si kreaktiv sinn, mat Texter oder Biller schaffen, mir setze mat hinnen zesumme fir all Projet eng Équipe op d'Mooss zesummen.